Eis Hénger
Op eisem Haff liewen momentan momentan 1700 Hühner an eisem Mehretagen Öko-Stall.
Eis Hénger
An der Ufanksphase haten mir nëmmen 50 Hénger op eisem Haff (1994). Mat der Zäit huet sech d'Eeërproduktioun awer als d'Haaptankommensquell entwéckelt an esou hunn mir d'Eeërproduktioun op 500 gesteigert. Mam Bau vun néien Héngerstall 2004 ass d'Héngerunzuel op 2000 geklommen.
​
Mëttlerweil befannen sech 1700 Hénger op eisem Haff, dovunner verschidden Rassen wei "weiße Leghorn", Bresse les bleus an d'Zweinutzungshühner Coffee and Cream.
​
Vun Ufank un hunn mir eis Hénger mat 100% Biofudder gefiddert an dovunner bauen mir 40% selwer un (Wees, Huewer, Ierbessen).
​
Bei eisen Hénger liewen 50 Hunnen. Des sinn ganz bewosst ënnert d'Hénger gemëscht fir eng natierlech Familienbildung ze fuerderen an den Hénger een zousätzlechen Schutz ze erméiglechen wann se sech am Gringauslaaf ophalen.
​
Een Hong leet ongeféier 300 Eeër an sengem Liewen. D'Hénger kommen mat 18 Wochen bei eis an verbleiwen 14 Méint op eisem Haff.
Eisen Héngerstall
Eisen Héngerstall gouf 2004 vun engem schwäitzer Unternehmen gebaut.
Es ass een Mehretagenstall an deem d'Hénger hiren natierlechen Bedürfnisser nokommen kennen.
​
An der ieweschter Etage schlofen d'Hénger an leeën hier Eeër an an der ënneschter Etage kennen se een Sandbad huelen, schären an kréien deeglech eng Ratioun Gringfudder ewéi Stréi. Duerch déi vill Fënsteren kennt vill Sonnenluut an déi iewescht Etage. Gefiddert ginn d'Hénger op deenen zwou Etagen.
​
Iwwer Rampen kommen se an den Wantergaart an vun do aus kommen se an den Schlechtwetterauslaf an wann d'Wieder et erlaabt, an den Gringauslaf.
D'Eeër kommen iwwert een Förderband an een Raum sou se all Dag angepackt ginn.
Hei ginn d'Eeër angepackt :
Eis Kéi
Op eisem Haff liewen ongeféier 45 Limousin Kéi.
Aktueller Herdenbestand
45
Insgesamt
22
Mutterkühe
7
Jungrinder
​
15
Kälber
​
1
Bulle
Eis Mammenkéi
Eis Véihäerd besteet gréisstendeels aus Limousinranner an en puer Montbelliard, Salers an Chalorais-Kräizungen.
Am Fréijoer an den ganzen Summer iwwer bis an den Hierscht kommen eis Kéi op d'Wiss. Sie wiesselen reegelméisseg d'Wisen fir daten se ëmmer genuch frëscht Gras hunn. Falls dat een Mol net den Fall ass, ginn se mat Hee bäigefiddert.
Eis Kéi ginn ausschliisslech mat eisem eegenen Bio-Hee (85%), Silo (15%) an Getreide als Lockmettel gefiddert.
Am Wanter kommen eis Kéi an eisen groussen Lafstall mat Lafhaff. Eis Häerd ass an zwou Gruppen opgedeelt.
Bei ons gehéieren d'Hären zu der Kou wei d'Kachmutz zum Kach.
​
Eis Kaalwer
Eis Kaalwer dierfen bis zu 8 Méint bei hirer Mamm bleiwen. Sie ginn mat gesäugt an kennen vun Ufank un Gras oder Hee dobäi friessen.
Eisen Stéier
Mir hunn ëmmer een Stéier an eiser Véihäerd. Eis Kéi ginn duerch Natursprong befrucht.
Op eisem Haff liewen virun allem Hénger an Kéi.
Hei liewen awer och nach Päerd an Katzen, déi wéi zur Famill gehéieren.